{"id":2137,"date":"2021-12-13T19:00:59","date_gmt":"2021-12-13T18:00:59","guid":{"rendered":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/?p=2137"},"modified":"2021-12-15T16:56:59","modified_gmt":"2021-12-15T15:56:59","slug":"mir-kennen-net-sou-weider-maachen","status":"publish","type":"post","link":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/","title":{"rendered":"Mir k\u00ebnnen net sou weider maachen!"},"content":{"rendered":"\n<blockquote class=\"wp-block-quote\"><p>Eise Message un de Sch\u00e4fferoot ass datt mir net k\u00ebnne weider maachen w\u00e9i bis ewell! Krisen fuederen dass een sech adapt\u00e9iert! An deem g\u00ebtt d\u00ebse Budget net gerecht<\/p><\/blockquote>\n\n\n\n<!--more-->\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-right\">ECHTERNACH, LE 13.12.2021<\/p>\n\n\n\n<p>Ier ech op de Budget aginn, g\u00e9if ech op d\u00ebser&nbsp;Plaz, eppes w\u00eblle lass ginn wat mer wierklech&nbsp;um Mo&nbsp;leit.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir sinn&nbsp;eis bewosst dass de Budget iwwert&nbsp;ganzt Joer en Dokument ass&nbsp;wat lieft, a&nbsp;bis zum Schluss \u00ebmmer er\u00ebm Ver\u00e4nnerunge&nbsp;verlaangt! Mee et ass&nbsp;eng Fro vu&nbsp;Respekt a&nbsp;Professionalit\u00e9it, dass et net ka&nbsp;sinn,&nbsp;dass de Gemengerot an der Aarbechtss\u00ebtzung&nbsp;e Budget virgeluecht&nbsp;kritt dee&nbsp;voller Feeler&nbsp;ass! Dee selwechte&nbsp;Respekt soll och der Finanzkommissioun g\u00ebllen, d\u00e9i de Budget sollt vum Sch\u00e4fferot virgestallt kr\u00e9ien. Et ass&nbsp;lo d\u00e9i 2te K\u00e9ier, dass d\u00ebst&nbsp;net gemaach ginn ass,&nbsp;an och vun der Finanzkommissioun&nbsp;bedauert ginn ass. Si invest\u00e9iere&nbsp;vill Z\u00e4it&nbsp;, fir eis eng excellent chiffr\u00e9iert Finanzanalys&nbsp;k\u00ebnnen ze liwweren. Mir fannen d\u00ebst kee respektvollen \u00cbmgang mat der Kommissioun an hirer Kompetenz. Der Finanzkommissioun dofir vu mir hei emol e grousse&nbsp;Merci&nbsp;fir hier gutt Aarbecht.<\/p>\n\n\n\n<p>De Budget ass&nbsp;d&#8217;H\u00e4erzst\u00e9ck&nbsp;vun enger Gemeng, an dee&nbsp;Brouillon, dee&nbsp;mer virgeluecht&nbsp;kritt hunn,&nbsp;huet d&#8217;Analys&nbsp;net einfach gemaach. Et ass&nbsp;e Gewurschtels&nbsp;sonner a&nbsp;gl\u00e4ichen, a&nbsp;g\u00ebtt kee&nbsp;gutt&nbsp;Bild vun der Gemengenorganisatioun. Op d\u00e9i&nbsp;Gemengenorganisatioun kommen ech zum Schluss nach eng K\u00e9ier zr\u00e9ck.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir schloe&nbsp;vir, d\u00e9i&nbsp;n\u00e4chst Joren, en Dokument b\u00e4i ze lee\u00ebn, mat Regruppementer&nbsp;vun Artikele&nbsp;pro Themegebitt. Dat ass&nbsp;eng kleng Analys&nbsp;d\u00e9i&nbsp;<strong>Iech&nbsp;<\/strong>net vill Z\u00e4it h\u00eblt, well dir an \u00c4rem&nbsp;Budgets-Programm hutt&nbsp;do eng Funktioun&nbsp;Analytique op d\u00e9i mir keen Zougr\u00ebff hunn. Mir mussen op engem PDF schaffe&nbsp;wou mer mat St\u00e9chwierder musse virgoen, wat eng Themen-Analys net einfach m\u00e9cht. An dann, w\u00e9i an anere&nbsp;Gemengen och, sollt d&#8217;Finanzkommissioun de&nbsp;Budget duerchhuelen<strong>&nbsp;ier<\/strong>&nbsp;en dem Gemengerot virgestallt g\u00ebtt. Dat g\u00e9if&nbsp;eis Conseilleren&nbsp;d&#8217;Chance ginn, schonn&nbsp;an der Aarbechtss\u00ebtzung mat pr\u00e4zise&nbsp;Froen a&nbsp;Propositiounen oder Amendementer ze reag\u00e9ieren, fir k\u00ebnnen aktiv matzeschaffen op d&#8217;Analys vun der Kommissioun hin.<\/p>\n\n\n\n<p><span style=\"text-decoration: underline;\">Lo zum Inhalt vum Budget deen et ze analys\u00e9iere&nbsp;g\u00ebllt:<\/span><\/p>\n\n\n\n<h4>Rectifi\u00e9 2021<\/h4>\n\n\n\n<p>Am&nbsp;<span style=\"text-decoration: underline;\">Rectifi\u00e9<\/span>&nbsp;waren am&nbsp;<strong><span style=\"text-decoration: underline;\">Ordin\u00e4ren<\/span><\/strong>&nbsp;29 Millioune&nbsp;Recette&nbsp;geplangt , 30,5 Millioune sinn&nbsp;der realis\u00e9iert&nbsp;ginn. Depense&nbsp;waren der 29 Millioune&nbsp;geplangt, realis\u00e9iert&nbsp;goufen der eppes m\u00e9i&nbsp;wei 27 Milliounen.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>De Boni am Ordin\u00e4ren, fir de&nbsp;Rectifi\u00e9, ass&nbsp;domadder 2,07% m\u00e9i niddreg&nbsp;w\u00e9i d&#8217;Joer 2020.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>Am&nbsp;<strong><span style=\"text-decoration: underline;\">Extraordin\u00e4ren:<\/span><\/strong><\/p>\n\n\n\n<p>hate mer&nbsp;Recette&nbsp;vun 48,5&nbsp;Millioune&nbsp;virgesinn. 82% sinn&nbsp;der ronn realis\u00e9iert&nbsp;ginn, dat sinn 43,5 Milliounen. Dat sinn&nbsp;haapts\u00e4chlech d\u00e9i bal&nbsp;7&nbsp;Millioune&nbsp;vum CGDIS, op d\u00e9i mer scho&nbsp;laang gewaart hunn a Subside&nbsp;vum Staat fir de&nbsp;Campus Gare, fir d&#8217;Haus rue des Merciers a&nbsp;fir de&nbsp;S\u00e9i.<\/p>\n\n\n\n<p>Fir&nbsp;d&#8217;Depense&nbsp;vum Rectifi\u00e9 waren der 54 Milliounen ofger\u00ebnnt&nbsp;geplangt. 81,97% sinn&nbsp;der realis\u00e9iert&nbsp;ginn. Dat si&nbsp;ronn 44,5 Milliounen. Mir w\u00ebssen&nbsp;dass d&#8217;Iwwerschwemmunge&nbsp;mat sech bruecht hunn,&nbsp;dass verschidde&nbsp;Posten hei hu misste&nbsp;gestreckt ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Fir mam Rectifi\u00e9 21 ofzeschl\u00e9issen, wann een d&#8217;Rescht Scholde&nbsp;kuckt, komme&nbsp;mer op eng Pro-Kapp Verscholdung vu&nbsp;5.482 Euro&nbsp;wat am Verglach mat 2020 eng Erh\u00e9ijung ass&nbsp;vun 32,16%.<\/p>\n\n\n\n<h4>Budget 2022:<\/h4>\n\n\n\n<p>Am&nbsp;<strong>Ordin\u00e4ren<\/strong>&nbsp;gesi&nbsp;mer dass mat ronn 31 Milliounen&nbsp;d&#8216;<span style=\"text-decoration: underline;\">Recetten<\/span> n\u00ebmmen&nbsp;em 2,11% klammen, woub\u00e4i&nbsp;d&#8216;<span style=\"text-decoration: underline;\">Depensen<\/span>&nbsp;mat 11,46%, spr\u00e9ch&nbsp;30,5 Milliounen, \u00ebmmer m\u00e9i&nbsp;klammen. Elleng&nbsp;wann een d\u00e9i 2 Poste&nbsp;kuckt, vun Z\u00ebnsen&nbsp;an Annuit\u00e9iten d\u00e9i mer musse&nbsp;bezuelen, gesi&nbsp;mer, dass d\u00e9i&nbsp;d\u00ebst&nbsp;Joer 16,53% ausmaache&nbsp;vun eisen Depensen, wou mer d&#8217;lescht Joer nach bei 9,64% waren. Interessant ass&nbsp;och, dass d&#8217;Finanzkommissioun den Exercice gemaach&nbsp;huet mol d&#8217;Personalk\u00e4schten zesummenzeschloen, wat genau sou eng Themen-Analys&nbsp;ass&nbsp;w\u00e9i virdrun ugeschwat. An do gesi mir, dass eis Personalk\u00e4schte&nbsp;liicht zer\u00e9ck gaange&nbsp;sinn op 34,38 % vun eisen ordin\u00e4ren Depensen , a&nbsp;wann ech d\u00e9i mat Personalk\u00e4schte&nbsp;vun anere Gemenge&nbsp;vergl\u00e4ichen, sti&nbsp;mer eigentlech do gutt&nbsp;do, wat a&nbsp;mengen Ae&nbsp;bedeit dass mer net solle&nbsp;f\u00e4erten,&nbsp;eis Personaltechnesch gutt opzestellen.<\/p>\n\n\n\n<p>Am <strong>Extraordin\u00e4ren<\/strong> gesi&nbsp;mer, dass mer eis 56,7 Milliounen an de <span style=\"text-decoration: underline;\">Recetten<\/span> erwaarden. Wou haapts\u00e4chlech&nbsp;d&#8217;Emprunten, fir de Budget auszegl\u00e4ichen, mat 38,5 Milliounen an d&#8217;Gewiicht falen. Sou w\u00e9i&nbsp;d&#8217;Subventioune&nbsp;vu&nbsp;lafende&nbsp;Projete&nbsp;mat m\u00e9i w\u00e9i 9 Milliounen, Participatioune vu Propri\u00e9tair\u00eb&nbsp;fir&nbsp;Infrastrukture&nbsp;mat 4,5 Milliounen (dat sinn d\u2019Oachterg\u00e4ert). Dann nach Subventioune&nbsp;fir d\u00e9i provisoresch Sportshal&nbsp;an zu gudder lescht dat wat mer vun der Assurance w\u00e9inst&nbsp;dem H\u00e9ichwaasser erwaarden,&nbsp;mat e b\u00ebsse&nbsp;m\u00e9i&nbsp;wei 2 Milliounen.<\/p>\n\n\n\n<p>Bei den <span style=\"text-decoration: underline;\">Depensen<\/span> am Extraordin\u00e4ren huelt&nbsp;der Iech bal&nbsp;64&nbsp;Milliounen&nbsp;vir, mat Schw\u00e9ierpunkte&nbsp;w\u00e9i Campus Gare wou d&#8217;Rechnungen elo era w\u00e4erte&nbsp;kommen an et weider geet 22,5 Milliounen. Dir plangt alt nees Stroossenaarbechte vu&nbsp;m\u00e9i&nbsp;wei 4 Milliounen, D&#8217;Marquise fanne&nbsp;mer mat iwwer 3 Milliounen natierlech an den&nbsp;Depense&nbsp;wou mer nach net w\u00ebsse&nbsp;wat op eis duer kennt, awer och eng hallef Millioun&nbsp;fir Immobilien ze kafen, iwwert&nbsp;eng hallef Millioun geet&nbsp;nees an de City Shopping.&nbsp;D\u2019Now\u00e9ie vun den Iwwerschwemmunge&nbsp;fir Fussballterrain&nbsp;an Tennisterrain sti&nbsp;mat 1,5 Milliounen un,&nbsp;an och d\u00e9i provisoresch Sportshal mat 5,3 Milliounen. Fir n\u00ebmmen d\u00e9i haapt Posten opzezielen.<\/p>\n\n\n\n<p>W\u00e9i am Rapport vun der Finanzkommissioun bemierkt, ginn d&#8217;Depensen&nbsp;am&nbsp;Ordin\u00e4ren&nbsp;s\u00e4it&nbsp;2018 an d&#8217;Luucht&nbsp;an zwar \u00ebm bal&nbsp;25%, woub\u00e4i an de Recette&nbsp;mer just vergl\u00e4ichsweis&nbsp;13% m\u00e9i era kr\u00e9ie&nbsp;s\u00e4it&nbsp;2018. Wat&nbsp;weist, dass mer mussen an de&nbsp;Recetten eis Taxe&nbsp;K\u00e4schtendeckend gestalten, a&nbsp;w\u00e9i schonn&nbsp;d&#8217;lescht&nbsp;Joer vun eis bemierkt, sollte mer verschidde&nbsp;Maintenance-Kontrakter hannerfroen an nei ausschreiwen.<\/p>\n\n\n\n<p>A wann een,&nbsp;wei virdrun am Rectifi\u00e9, d\u00e9i gesch\u00e4tzte Scholde&nbsp;fir Enn 22 kuckt, da seet d&#8217;Finanzkommissioun eis, dass mer g\u00e9ifen op eng Pro Kapp Verscholdung vu&nbsp;14.190 Euro&nbsp;klammen! Wou et engem natierlech kal&nbsp;de R\u00e9ck&nbsp;erof leeft. En plus wa mer w\u00ebssen, dass des Scholde&nbsp;weider w\u00e4erte&nbsp;klammen an d&#8217;Z\u00ebnsen&nbsp;och k\u00ebnne&nbsp;klammen. Wa mer dat an eisen ordin\u00e4re&nbsp;Recetten net m\u00e9i&nbsp;k\u00ebnnen ausgl\u00e4ichen, hu mer gl\u00e4ich&nbsp;guer kee&nbsp;Spillraum m\u00e9i a&nbsp;stagn\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>Des Zuele&nbsp;lo an d&#8217;Realit\u00e9it&nbsp;gesat, da liese&nbsp;mer <strong>Priorit\u00e9iten<\/strong> eraus d\u00e9i de&nbsp;Sch\u00e4fferot sech ginn&nbsp;huet. D&#8217;lescht Joer hutt&nbsp;der eis de Budget virgestallt, mat de Wierder dir g\u00e9ift&nbsp;an d&#8217;Zukunft vun Iechternach invest\u00e9ieren, an deem&nbsp;der \u00c4r&nbsp;Priorit\u00e9iten op Schoul-Bau, Wunnengsbau a&nbsp;Stroossen a&nbsp;Kanal g\u00e9ift&nbsp;setzen, wat 70% vum geplangten extraordin\u00e4re&nbsp;Budget&nbsp;2021 waren.<\/p>\n\n\n\n<ul><li>Wat de&nbsp;Schoul-Bau ubelaangt huet dir \u00c4r Zieler erreecht, dat kann een op der Gare ganz gutt&nbsp;gesinn. Et ass natierlech&nbsp;bedauerlech, dass d\u2019H\u00e9ichwaasser&nbsp;de Programm lo deelweis iwwer de Koup geheit huet. Dofir ware&nbsp;mir och mat Iech d\u2019Accord, eng provisoresch Sportshal&nbsp;fir vill Suen ze plangen.<\/li><li>Beim Wunnengsbau&nbsp;ges\u00e4it et da&nbsp;schonn&nbsp;net m\u00e9i sou roseg aus.<br>Zwar sinn&nbsp;d\u00e9i Haiser an der rue des Merciers lo f\u00e4erdeggestallt&nbsp;ginn, sou dat mir endlech m\u00e9i abordabel Wunnengen offr\u00e9iere&nbsp;k\u00ebnnen.<br>Wat awer d\u00e9i 2 Haiser ubelaangt, d\u00e9i am leschte Joer&nbsp;fir <strong>2,8 Mio<\/strong> kaaft&nbsp;gi sinn, musse&nbsp;mir feststellen, dass heifir n\u00ebmmen e klenge&nbsp;Montant agesat&nbsp;gouf 2022, wat bedeit, dass d\u00e9i nach eng l\u00e4nger Z\u00e9it w\u00e4erten eidel stoen.<br>An den Oachterg\u00e4ert sinn&nbsp; d\u2019Infrastrukture scho&nbsp;w\u00e4it f\u00e4erdeg, an awer sinn&nbsp;d\u2019Konditiounen nach net ver\u00ebffentlecht ginn, no deenen sech Interessente m\u00eblle k\u00e9inten. Jong&nbsp;Leit brauche&nbsp;Planungss\u00e9cherheet, si waarden op een Signal vun der Gemeng, op et e W\u00e4ert&nbsp;huet, op d\u00ebse&nbsp;Projet ze waarden. Och wann et nach Problemer bei engem Terrain g\u00ebtt, h\u00e4tt ee scho&nbsp;laang missen d\u00ebs Informatiounen erausginn.<br>Beim Projet Marquise huelen Iech lo d\u2019Feeler&nbsp;vun der Vergaangenheet&nbsp;an. Jo, et war ee Feeler, hei als Gemeng w\u00eblle&nbsp;Promoteur ze spillen. An et ass net dem Kulturminist\u00e8re s\u00e4i Feeler, dass mir lo an der Situatioun hei sinn.<br>Cit\u00e9 Manertchen-e Projet wou jo vill Wunnraum geschaaft&nbsp;soll ginn, do verm\u00ebsse&nbsp;mir eng aktiv Roll vun der Gemeng. Et geet net duer, op de Fonds de Logement ze waarden an ze klappen, mee&nbsp;eng Gemeng muss bei engem Projet vun der Envergure och aktiv ginn, an d\u00ebst&nbsp;am beschte&nbsp;Fall andeems&nbsp;se hir betraffe&nbsp;Bierger math\u00eblt an hir Suergen&nbsp;eescht h\u00eblt. An do geh\u00e9iert och dozou, dass een sech mat Z\u00e4ite&nbsp;Gedanken iwwer d\u2019S\u00e9cherheet&nbsp;vun de Wee\u00ebr m\u00e9cht&nbsp;an och d\u00e9i n\u00e9ideg Infrastrukture&nbsp;fir d\u2019Mobilit\u00e9it schaaft. Do sti just 80.000 fir d\u2019n\u00e4chst Joer dran?<\/li><li>Wat d\u2019Infrastrukture&nbsp;vun eise Stroossen&nbsp;ubelaangt, do muss ech net vill derzou&nbsp;soen. Dat kann all M\u00ebnsch&nbsp;gesinn, dass eis Stroossen&nbsp;an engem lamentabelen&nbsp;Zoustand sinn. Vu bal&nbsp;3 Milliounen, d\u00e9i virgesi&nbsp;waren, sinn n\u00ebmmen 766.000 Euro ausgi ginn, dat si mol grad 25%. Dofir schleefe&nbsp;mir er\u00ebm&nbsp;3.5 Mio an dat n\u00e4chst Joer&nbsp;mat. D\u00ebse&nbsp;Fait musse&nbsp;mir scho&nbsp;s\u00e4it Jore&nbsp;feststellen, ouni dass eng Besserung ze bemierke&nbsp;w\u00e4r. Hei feelt&nbsp;et ons un engem Plang, deen een och misst de Bierger&nbsp;matdeelen. Wann d\u2019L\u00e9it w\u00e9issten\u201eWat k\u00ebnnt w\u00e9ini un d&#8217;Rei&#8220; h\u00e4tte&nbsp;mer&nbsp;dobaussen&nbsp;vl\u00e4icht m\u00e9i Versteesdemech.<\/li><\/ul>\n\n\n\n<h4>Mir liewen nu&nbsp;mol awer am Moment an enger geckeger&nbsp;Welt.<\/h4>\n\n\n\n<p>Mir erliewen e puer Krise&nbsp;gl\u00e4ichz\u00e4iteg. An zwar net, ew\u00e9i&nbsp;an deene leschte&nbsp;Joerz\u00e9ngten, iergendwou&nbsp;op der Weltkaart, mee hautno!<\/p>\n\n\n\n<p>Hei an Europa, hei zu L\u00ebtzebuerg, hei zu Eechternach!&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>D&#8217;Covid&nbsp;Kris,&nbsp;d\u00e9i nach net eriwwer ass, d&#8217;Energie&nbsp;Kris, an d&#8217;Klima&nbsp;Kris&nbsp;hunn&nbsp;Eechternach net verschount. Mir hunn&nbsp;all d&#8217;Iwwerschwemmungen&nbsp;aus dem Juli nach net verdaut! Eise&nbsp;Budget d&#8217;ailleurs och net.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u00e9i speziell Zoust\u00e4nn fuerdere&nbsp;vun eiser Gemeng, sech ganz neien Defien&nbsp;ze stellen, niewent&nbsp;den normalen Hausaufgaben d\u00e9i natierlech Logement, Infrastrukture&nbsp;w\u00e9i och Schoulen a Sportshale&nbsp;sinn. Fir eisen Awunner Stabilit\u00e9it, S\u00e9cherheet&nbsp;an H\u00ebllef&nbsp;ze bidden. D\u00ebs Krise&nbsp;mussen eis , mussen IECH reag\u00e9ieren&nbsp;dinn! Priorit\u00e9ite musse&nbsp;gesat&nbsp;ginn. DIR kennt net esou weider maachen, w\u00e9i wann n\u00e4ischt&nbsp;wier.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>De Bagger rullt, mee d\u2018Urgence, vum mussen&nbsp;handelen&nbsp;liest een net aus dem Budget&nbsp;eraus.<\/strong><\/p>\n\n\n\n<h4>Klimapolitik huet an \u00e4ren Aen null Priorit\u00e9it.<\/h4>\n\n\n\n<p>Dat geet domadder un, dass <strong>Keen<\/strong> vun der Gemeng present&nbsp;war um Klimapaktdag, wou all d&#8217;Gemengen duerch hire&nbsp;Buergermeeschter&nbsp;oder zumindest&nbsp;duerch hire&nbsp;Klima-Sch\u00e4ffe&nbsp;represent\u00e9iert&nbsp;waren.<\/p>\n\n\n\n<p>Merci, dir hutt er\u00ebm&nbsp;50.000 Euro b\u00e4igesat&nbsp;fir dass mer op dee selwechte&nbsp;Montant komme&nbsp;w\u00e9i d&#8217;l\u00ebscht Joer um&nbsp;Posten \u201eMesures&nbsp;Pakt Klima\u201c, fir dass d\u00e9i gr\u00e9ng Fraktioun&nbsp;net ka&nbsp;meckeren! Mee sidd&nbsp;der Iech bewosst, dass mer s\u00e4it&nbsp;3 Joer en Budget fir d&#8217;Klimateam dra&nbsp;stoen hunn&nbsp;d\u00e9i mer mol net opbrauchen, obwuel mir di&nbsp;Suen&nbsp;vum Staat g\u00e9ingen zr\u00e9ckkr\u00e9ien&nbsp;Dat ass&nbsp;d\u00e9i batter Realit\u00e9it. 250.000 Euro&nbsp;dat sinn&nbsp;dach Peanuts. D\u00ebst&nbsp;Joer huet Glasgow bewise&nbsp;w\u00e9i wichteg et ass&nbsp;sech ambiti\u00e9is&nbsp;Zieler ze setzen, an sech d\u2019Moyene&nbsp;ze ginn&nbsp;d\u00e9i och \u00ebmzesetzen. 250 000 Euro fir d\u2019Klima am Verglach mat den iwwer 6 Millioune fir Parking d\u00e9i am Budget stinn.&nbsp; Gitt&nbsp;emol op Beefort&nbsp;kucken, d\u00e9i weisen iech w\u00e9i mer et sollte&nbsp;maachen! Um Site vu&nbsp;L\u00ebtzebuerger&nbsp;Gemenge&nbsp;steet&nbsp;grouss d&#8217;Iwwerschr\u00ebft &#8220; Beaufort dore son Blason Climat&#8220; an als Ofschlusssaatz ech zit\u00e9ieren,&#8220;&nbsp;Il en r\u00e9sulte que Beaufort marque le score le plus \u00e9lev\u00e9, non seulement \u00e0&nbsp;l\u2019\u00e9chelle&nbsp;du pays mais \u00e9galement sur le plan europ\u00e9en, puisque son&nbsp;score&nbsp;atteint 85,9%.&#8220; Bal&nbsp;90% a&nbsp;mir falen zer\u00e9ck&nbsp;op knapp 50%. Mir mussen eng Sch\u00ebpp bei leen! En anert gutt&nbsp;Beispill ass&nbsp;Merzig . Merzeg ass mat engem Leader Projet&nbsp;d\u00e9i \u00e9ischt Gemeng,&nbsp;wou d\u2019Politik&nbsp;en ekonomesche&nbsp;Modell \u201e pour le bien commun\u201c ugeholl huet. Do ass&nbsp;politesche W\u00ebllen!<\/p>\n\n\n\n<h4>Do misst eng Stad w\u00e9i Eechternach op d&#8217;mannst 1 Millioun am Budget stoen hunn&nbsp;op deem Posten an se och \u00ebmsetzen!<\/h4>\n\n\n\n<p>Mir hunn&nbsp;am Juli 20 eng duerch&nbsp;Klimateam nogeschaffte&nbsp;Klimaresolutioun hei am Gemengerot gest\u00ebmmt, nodeems mir als gr\u00e9ng Fraktioun, mat enger \u00e9ischter&nbsp;Versioun bei iech hei am Gemengerot kee&nbsp;Geh\u00e9ier fonnt haten! De Pabeier war Iech ze ambiti\u00e9is! D\u00e9i schlussendlech gest\u00ebmmte&nbsp;Klimaresolutioun war pr\u00e4zis&nbsp;an huet der Gemeng zous\u00e4tzlech Hausaufgabe&nbsp;ginn? Nach n\u00e4ischt&nbsp;ass&nbsp;an Ugr\u00ebff&nbsp;geholl ginn. Wou ass eise&nbsp;Klima-Responsabelen&nbsp;deen an d\u00e4r Resolutioun virgesinn ass, wann dann iwwer&nbsp;grouss&nbsp;Projete&nbsp;geschwat g\u00ebtt&nbsp;w\u00e9i lo virdru&nbsp;bei der Sportshal? Iwwerhaapt, einfach een aus dem Service technique fir d\u00ebs Aufgab&nbsp; responsabel ze maachen, geet net duer. D\u00ebs Persoun sollt de R\u00e9ck&nbsp;vum Sch\u00e4fferot gest\u00e4ipt kr\u00e9ien a&nbsp;reegelm\u00e9isseg kenne Formatioune maache&nbsp;fir sech intensiv mam Thema ze befaassen an d\u2019Gemeng aktiv bei den Entscheedungen ze beroden.<\/p>\n\n\n\n<p><strong><span style=\"text-decoration: underline;\">D\u00ebs<\/span><\/strong>&nbsp;Persoun sollt sech och mat eisem Energie Plang befaassen. Wat hutt&nbsp;der iwwerhaapt&nbsp;do fir?<\/p>\n\n\n\n<p>An iwwerhaapt an d\u00ebsem Budget feelt eis d\u2019Thema Energie! Et kann dach net sinn, dass an Z\u00e4ite vun Energie-Kris \u00ebnner d\u00ebsem Posten \u201eMesures d\u2019\u00e9conomie d\u2019\u00e9nergie \u201e n\u00ebmmen d\u2018Mesuren vum Klima Pakt, ex\u00e9cution de l\u2018etude de la mobilit\u00e9 douce (an dat och nach s\u00e4it 2017!) an e puer Photovoltaiksmodulen fir 70.000 ze fanne sinn, <strong>Dat schw\u00e4tzt fir sech<\/strong>. Dob\u00e9i huet de SYVICOL ganz kloer gesot, dass d\u2019Gemengen hier Responsabilit\u00e9it sollen iwwerhuelen. Mir hunn&nbsp;zwar d\u2019Gromperegeld&nbsp;erop gesat, mee d\u2019Energie-Aarmut&nbsp;h\u00eblt \u00ebmmer m\u00e9i&nbsp;zou. Op d\u00ebsem&nbsp;Plang huet d\u00ebse Budget de Bierger n\u00e4ischt&nbsp;ze bidden.<\/p>\n\n\n\n<p>Beim H\u00e9ichwaasser&nbsp;hu mir musse&nbsp;gesinn, wat et heescht, dass d\u2019Haiser an eiser Stad&nbsp;bal&nbsp;n\u00ebmmen&nbsp;mat Mazout geh\u00ebtzt ginn. Net n\u00ebmmen&nbsp;den&nbsp;CO2 Ausstouss&nbsp;sollt eis ze denke ginn. Mais och d\u00e9i&nbsp;Onmengen&nbsp;vu&nbsp;Mazout, d\u00e9i ausgelaf sinn an eng riseg Katastroph fir M\u00ebnsch an Natur waren. Mir d\u00e9i gr\u00e9ng, hunn deemools&nbsp;d\u2019Invest\u00e9ieren&nbsp;an de Gas mat gest\u00ebmmt well&nbsp;an Aussicht gestallt&nbsp;gouf ze pr\u00e9iwen, op de Reseau vun&nbsp;der Creos sp\u00e9ider duerch Biogas k\u00ebnnt&nbsp;erg\u00e4nzt ginn. Do ass ni&nbsp;eppes geschitt. Och fir d\u00e9i Stroossen, d\u00e9i net un de Gas ugeschloss k\u00ebnne ginn, missten dringend&nbsp;Alternative&nbsp;gesicht ginn, fir eis&nbsp;Emissioune&nbsp;reduz\u00e9ieren ze k\u00ebnnen. Mee virun allem, wat beim Campus Gare geet, muss och fir de Rescht vun Eechternach Ziel sinn.Mir musse vun de fossillen Energien ewech! Heifir&nbsp; misste scho&nbsp;laang Etud\u00eb&nbsp;gemaach sinn. &nbsp;D\u2018Suen w\u00e4ren hei m\u00e9i s\u00ebnnvoll agesat, w\u00e9i fir endlos Etude&nbsp;fir e Shopping Konzept.<\/p>\n\n\n\n<p>Et ass sch\u00e9in&nbsp;a gutt grouss Invest-Projeten&nbsp;ze maache&nbsp;fir eis Stad, mee wa mer an Zukunft all Joers eng K\u00e9ier iwwerschwemmt ginn, dann hu mer net d\u00e9i Zukunft gestalt, d\u00e9i ech mir fir eis, a&nbsp;virun allem fir eis Kanner a&nbsp;Kandskanner virstellen!<\/p>\n\n\n\n<p>A Propos \u00ebnner goen,<\/p>\n\n\n\n<h4>City-Outlet<\/h4>\n\n\n\n<p>Eis Gesch\u00e4ftswelt brauch en Opschwonk, fir eis Awunner a fir d\u2019Touristen . Mir gr\u00e9ng w\u00ebllen doran invest\u00e9ieren. D\u00e9i bestoend Gesch\u00e4fter brauchen H\u00ebllef deels w\u00e9inst&nbsp;Corona, deels w\u00e9inst dem H\u00e9ichwaasser. Mir mussen d\u2019Gesch\u00e4ftswelt ausbauen. Ouni H\u00ebllef geschitt n\u00e4ischt!<\/p>\n\n\n\n<p>Et waren d\u00e9i gr\u00e9ng d\u00e9i de Stadtmarketing op de Wee bruecht hunn. Zesumme mat de Bierger gouf um Leitbild fir eis Stad Eechternach geschafft. Och d\u2019Iddi vum Leerstandmanagement ass&nbsp; an d\u00e4r Grupp zesumme mat de Bierger entstanen. Eechternach war um gudde Wee.<\/p>\n\n\n\n<p>Mee d\u2019Iddi vun engem Outlet Disneyland mat Konsum-Tempelen ass net m\u00e9i z\u00e4itgem\u00e9iss&nbsp;an eisen Aen. An da br\u00e4ichte&nbsp;mer och net e puer Parkhaiser z\u00e4itgl\u00e4ich&nbsp;ze plangen. wann mer scho&nbsp;mol een Uerdentlecht&nbsp;do stoen h\u00e4tten, w\u00e4r d&#8217;Situatioun an Iechternach entsch\u00e4erft.<\/p>\n\n\n\n<p>An Z\u00e4ite vu Klimawandel a Corona Pandemie brauch eis Gesellschaft an eis Stad en \u00cbmdenken. Wech vum maaslose Konsum , wech vum ville Verk\u00e9ier, hin zu enger nohalteger Ekonomie. Nach eng K\u00e9ier! Ech invit\u00e9ieren iech kucken ze goe&nbsp;wat Merzig m\u00e9cht.<\/p>\n\n\n\n<p>Ausserdeem passt d\u2019Iddi Outlet-Eechternach net zu enger Kulturstad Eechternach.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir gr\u00e9ng fannen, sou w\u00e9i mir dat d\u00e9i lescht Joere scho&nbsp;gesot hunn, datt d\u2019Suen d\u00e9i schonn&nbsp;an d\u00ebse Projet gefloss sinn,&nbsp;besser an d\u2019Pai vun engem Stadtplaner, mat regionalem Denken, invest\u00e9iert&nbsp; gewiescht wieren.&nbsp;<br>A mir w\u00ebllen net datt deene ville schlechten (Suen) \u00ebmmer weider gutt&nbsp;Suen nogeworf ginn.<\/p>\n\n\n\n<h4>Kultur&nbsp;<\/h4>\n\n\n\n<p>Gutt invest\u00e9ieren solle mer weiderhin an d\u2019Kultur. W\u00e9i mer eis all \u00ebmmer er\u00ebm&nbsp;bewosst ginn, m\u00ebscht&nbsp;d\u2019Kultur e grousse&nbsp;Prozentsaz&nbsp;vun eisen Ausgaben aus. Eis ,der gr\u00e9nger Fraktioun ass&nbsp;et ganz wichteg, dass mer weiderhin eis 2 Haiser,&nbsp;Museksschoul an Trifolion, vun der Gemeng \u00ebnnerst\u00ebtzen.<\/p>\n\n\n\n<p>Mat den Ausgruewungen um Site vun der Marquise w\u00ebsse&nbsp;mer nach net wat op eis duer kennt. Mir begr\u00e9issen, dass, w\u00e9i vun eis ugereegt, en Architekten-Concours geplangt ass, och wann mer bezweifelen, dass een do mat 15.000 Euro&nbsp;w\u00e4it k\u00ebnnt. A mir lee\u00ebn Iech un d\u2019H\u00e4erz&nbsp;mam Kulturminist\u00e8re aktiv zesummen ze schaffe&nbsp;fir eise&nbsp;Patrimoine ze erhalen. W\u00e9i d\u2019Ministesch sot: Iechternach muss et w\u00ebllen, da k\u00ebnne&nbsp;mer vill maachen.<\/p>\n\n\n\n<h4>Kommunikatioun<\/h4>\n\n\n\n<ul><li><strong>vun der Gemeng un d\u2019Iechternacher.<\/strong> Et ass kompliz\u00e9iert&nbsp;an eisem digitale&nbsp;Liewen un d\u2019Leit ze kommen! E gudde Buet ass&nbsp;wichteg, a w\u00e9i&nbsp;all Joer fuerdere&nbsp;mir, dass de Buet&nbsp;sollt d\u2019Gemengepolitik m\u00e9i thematis\u00e9ieren. Gitt&nbsp;iech emol aner&nbsp;Bied ukucken! Iwwerall,&nbsp;och wann&nbsp;den&nbsp;Gemengerot&nbsp;opgeholl g\u00ebtt,&nbsp;kann ee m\u00e9i&nbsp;oder w\u00e9ineger&nbsp;all eenzele&nbsp;Punkt noliese&nbsp;goen. An all Partei&nbsp;kann&nbsp;Positioun bezeien&nbsp;zu hire&nbsp;Votten. Passiv Inform\u00e9ieren geet net duer.<br>Dier hutt&nbsp;et bis lo net f\u00e4erdeg bruecht eng Biergerparticipatioun opzebauen,well der de&nbsp;Kontakt mam Bierger net sicht! Nom H\u00e9ichwaasser&nbsp;h\u00e4tt der missen onbed\u00e9ngt&nbsp;op en Biergerowend invit\u00e9ieren an deene betraffene&nbsp;Leit erkl\u00e4ren dass d\u2018Gemeng hinnen h\u00eblleft. Vl\u00e4icht&nbsp;mam Minist\u00e8re zesummen? Dass d\u00e9i gespente&nbsp;Suen <strong>hinnen<\/strong> zoustinn&nbsp;an&nbsp;w\u00e9i se sollen d\u2019Demanden&nbsp;eran&nbsp;ginn. ( By the Way kuckt dass dir d\u00e9i Situatioun vum Spendekont reegelt, well dass dir do keng ASBL gegr\u00ebnnt hutt as net vertrietbar. Wann engem vun Iech 3 eppes geschitt, wat mer jo natierlech net hoffen, mee wien ass dann Propri\u00e9tair vum Kont?) Mee z\u00e9ck zu de Bierger. Se sollen w\u00ebssen, dass se prezis&nbsp;gehollef kr\u00e9ien&nbsp;zesummen&nbsp;mam Office social! D\u2019Leit och mol froen! Wat braucht dir?<br>Am Dossier Marquise kommen Decisiounen&nbsp;op eis duer. Huele&nbsp;mer d\u00e9i ouni d\u2019Eechternacher ze froen&nbsp;wat&nbsp;se w\u00ebllen? Eis lokal Historiker? Firwat hutt&nbsp;der Angscht viru&nbsp;Biergerbedeelegung?<br>Demokratie an enger Gemeng g\u00ebtt \u00ebmmer&nbsp;m\u00e9i wichteg. D&#8217;Leit trauen der Politik&nbsp;an hire Vertrieder&nbsp;net m\u00e9i. D&#8217;Mateneen an eiser Gesellschaft g\u00ebtt \u00ebmmer&nbsp;m\u00e9i aggressiv. Wat d\u00e9i lescht Weekender an der Stad lass war m\u00e9cht&nbsp;engem Angscht. Et w\u00e4r wichteg de&nbsp;Fridden a Solidarit\u00e9its&nbsp;Grupp er\u00ebm&nbsp;opliewen ze loossen, deen de&nbsp;Buergermeeschter&nbsp;als Mayor of Peace begleet&nbsp;huet mat Initiativen-Virschl\u00e9i. W\u00e9i zum Beispill dee flotte&nbsp;Projet &#8222;Judeum Epternacum&#8220;. De neien Aarbechtsprogramm vu&nbsp;Mayors of Peace dee&nbsp;mer d\u00ebst&nbsp;Joer er\u00ebm&nbsp;ugeholl hunn&nbsp;geet ganz kloer an d&#8217;Richtung vum friddlechen Zesummen. An och hei huet de SYVICOL op d&#8217;Roll vun de Gemengen higewisen, fir an der rezent aggressiver&nbsp;Situatioun an onser Gesellschaft ze reag\u00e9ieren.<br>Dofir bl\u00e9iwe&nbsp;mir och dob\u00e4i D&#8217;Gemeng brauch eng total Neiopstellung&nbsp;vun alle Kommissiounen<\/li><li><strong>D\u2018Kommunikatioun \u00ebnner eis<\/strong>,&nbsp;hei&nbsp;am Gemengerot, hat dat l\u00ebscht Joer ferm gelidden \u00ebnner&nbsp;dem Covid, och wann \u00ebmmer prob\u00e9iert ginn ass iwwer&nbsp;Zoom de&nbsp;Programm duerchzez\u00e9ien. Mee d\u00ebst&nbsp;Joer wou mer zwar er\u00ebm&nbsp;k\u00ebnnen a Pr\u00e9sentiel zesummekommen, eis awer trotzdeem net m\u00e9i op den D\u00ebppefester iwwert&nbsp;de Wee lafen, oder beim Patt nach k\u00ebnnen diskut\u00e9ieren, feelt \u00ebmmer&nbsp;m\u00e9i de&nbsp;m\u00ebnschlechen&nbsp;Aspekt vun der Politik, deen an der Gemengepolitik&nbsp;sollt bestoe&nbsp;bleiwen. Dofir och eis Fuerderung am Gemengerot vum 08.11.21 dass op Froe&nbsp;vun der Oppositioun soll k\u00ebnnen eng anim\u00e9iert Diskussioun m\u00e9iglech sinn.<\/li><li><strong>Kommunikatioun mat&nbsp;de&nbsp;Minist\u00e8ren<\/strong>,&nbsp;Wann een de&nbsp;Sch\u00e4fferot all K\u00e9iers h\u00e9iert de Minist\u00e8ren d\u2019&nbsp;Schold gi&nbsp;mengt ee bal&nbsp;Iechternach w\u00e4r&nbsp;d\u2019St\u00e9ifkand vu&nbsp;L\u00ebtzebuerg. Mee Fakt ass&nbsp;dass d\u2019Minist\u00e8re&nbsp;jo net just eis Dossieren do leien hunn! Wann een eppes w\u00ebll muss een um Ball bleiwen an net beleidegt&nbsp;mam Fanger op de&nbsp;Staat weisen. Den Telefon geet an d\u00e9i 2 Richtungen. Do muss de Buergermeeschter&nbsp;heiansdo selwer Drock maachen, an net deleg\u00e9iere&nbsp;fir dono anere&nbsp;Schold ze ginn.<\/li><\/ul>\n\n\n\n<p>No der Kommunikatioun, lo zur Fr\u00ebndlechkeet a&nbsp;Kompetenz vun de&nbsp;Gemengeservicer. Wichteg fir d\u2019Fonction\u00e9iere&nbsp;vun dem Betrib ass&nbsp;eng gutt&nbsp;Organisatioun an eng gutt geschoulten&nbsp;Equipe, an eng staarke&nbsp;Chef. Mir stellen \u00ebmmer&nbsp;m\u00e9i Leit an,&nbsp;a sinn awer nach \u00ebmmer iwwerfuerdert. D\u00ebst as oft \u00c4r Excuse.<\/p>\n\n\n\n<p>Dass de Sch\u00e4fferot op de Wee geet en externe&nbsp;Beroder ze huelen ass&nbsp;an eisen Aen&nbsp;am Moment de richtege&nbsp;Wee. \u00cbmstruktur\u00e9ieren ass&nbsp;absolut n\u00e9ideg, un Iech et dann och konsequent \u00ebmzesetzen!<\/p>\n\n\n\n<p>Fir de&nbsp;Rectifi\u00e9 enthale&nbsp;mir eis als gr\u00e9ng Fraktioun, well mer eis bewosst sinn,&nbsp;dass d\u00ebst&nbsp;Joer alt er\u00ebm&nbsp;schwiereg war, mee fir de&nbsp;Budget 2021 st\u00ebmme&nbsp;mer dog\u00e9int.<\/p>\n\n\n\n<p>Eise&nbsp;Message ass dass mir net k\u00ebnnen esou weider maache&nbsp;w\u00e9i bis ewell.<\/p>\n\n\n\n<p>Krisen\u00a0fuerderen dass een sech adapt\u00e9iert! An deem g\u00ebtt d\u00ebse\u00a0Budget net gerecht.<\/p>\n\n\n\n<figure class=\"wp-block-image size-full is-resized\"><a href=\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/BUDGET_2022.pdf\"><img decoding=\"async\" loading=\"lazy\" src=\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/195px-PDF_file_icon.svg_.png\" alt=\"\" class=\"wp-image-1993\" width=\"65\" height=\"80\"\/><\/a><\/figure>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-image\"><figure class=\"aligncenter size-full\"><img decoding=\"async\" loading=\"lazy\" width=\"151\" height=\"125\" src=\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2017\/03\/greng-echternach-logo.png\" alt=\"\" class=\"wp-image-1354\" srcset=\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2017\/03\/greng-echternach-logo.png 151w, http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2017\/03\/greng-echternach-logo-150x125.png 150w\" sizes=\"(max-width: 151px) 100vw, 151px\" \/><\/figure><\/div>\n\n\n\n<p>Teure Geb\u00e4ude auf dem Campus Gare, Corona und dann kam noch das Hochwasser: Die Gemeinde Echternach muss jetzt tief in die Tasche greifen.<br><a href=\"https:\/\/www.wort.lu\/de\/lokales\/hochwasser-kommt-echternach-teuer-zu-stehen-61b8c115de135b92362bf1e2\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">https:\/\/www.wort.lu\/de\/lokales\/hochwasser-kommt-echternach-teuer-zu-stehen-61b8c115de135b92362bf1e2<\/a><\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Eise Message un de Sch\u00e4fferoot ass datt mir net k\u00ebnne weider maachen w\u00e9i bis ewell! Krisen fuederen dass een sech adapt\u00e9iert! An deem g\u00ebtt d\u00ebse Budget net gerecht<\/p>\n","protected":false},"author":5,"featured_media":2138,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_et_pb_use_builder":"off","_et_pb_old_content":"","_et_gb_content_width":""},"categories":[14],"tags":[24],"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v19.10 - https:\/\/yoast.com\/wordpress\/plugins\/seo\/ -->\n<title>Mir k\u00ebnnen net sou weider maachen! - d\u00e9i gr\u00e9ng Eechternoach<\/title>\n<meta name=\"description\" content=\"Eise Message un de Sch\u00e4fferoot ass datt mir net k\u00ebnne weider maachen w\u00e9i bis ewell! Krisen fuederen dass een sech adapt\u00e9iert! An deem g\u00ebtt d\u00ebse Budget net gerecht\" \/>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"de_DE\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Mir k\u00ebnnen net sou weider maachen! - d\u00e9i gr\u00e9ng Eechternoach\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Eise Message un de Sch\u00e4fferoot ass datt mir net k\u00ebnne weider maachen w\u00e9i bis ewell! Krisen fuederen dass een sech adapt\u00e9iert! An deem g\u00ebtt d\u00ebse Budget net gerecht\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"d\u00e9i gr\u00e9ng Eechternoach\" \/>\n<meta property=\"article:publisher\" content=\"https:\/\/www.facebook.com\/grengechternach\/\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2021-12-13T18:00:59+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2021-12-15T15:56:59+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/greng-budget-2022.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"PhotovoltaiK\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Verfasst von\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"PhotovoltaiK\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Gesch\u00e4tzte Lesezeit\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"16\u00a0Minuten\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/\"},\"author\":{\"name\":\"PhotovoltaiK\",\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#\/schema\/person\/d85d66f678213cef04674b8062622de8\"},\"headline\":\"Mir k\u00ebnnen net sou weider maachen!\",\"datePublished\":\"2021-12-13T18:00:59+00:00\",\"dateModified\":\"2021-12-15T15:56:59+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/\"},\"wordCount\":4312,\"publisher\":{\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#organization\"},\"keywords\":[\"Budget\"],\"articleSection\":[\"Conseil communal\"],\"inLanguage\":\"de\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/\",\"url\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/\",\"name\":\"Mir k\u00ebnnen net sou weider maachen! - d\u00e9i gr\u00e9ng Eechternoach\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#website\"},\"datePublished\":\"2021-12-13T18:00:59+00:00\",\"dateModified\":\"2021-12-15T15:56:59+00:00\",\"description\":\"Eise Message un de Sch\u00e4fferoot ass datt mir net k\u00ebnne weider maachen w\u00e9i bis ewell! Krisen fuederen dass een sech adapt\u00e9iert! An deem g\u00ebtt d\u00ebse Budget net gerecht\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"de\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/\"]}]},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Startseite\",\"item\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Mir k\u00ebnnen net sou weider maachen!\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#website\",\"url\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/\",\"name\":\"d\u00e9i gr\u00e9ng Eechternoach\",\"description\":\"\",\"publisher\":{\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":\"required name=search_term_string\"}],\"inLanguage\":\"de\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#organization\",\"name\":\"d\u00e9i gr\u00e9ng Eechternoach\",\"url\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"de\",\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2017\/03\/greng-echternach-logo.png\",\"contentUrl\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2017\/03\/greng-echternach-logo.png\",\"width\":151,\"height\":125,\"caption\":\"d\u00e9i gr\u00e9ng Eechternoach\"},\"image\":{\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/www.instagram.com\/deigrengeechternoach\/\",\"https:\/\/www.facebook.com\/grengechternach\/\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#\/schema\/person\/d85d66f678213cef04674b8062622de8\",\"name\":\"PhotovoltaiK\",\"image\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"de\",\"@id\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#\/schema\/person\/image\/\",\"url\":\"http:\/\/0.gravatar.com\/avatar\/cd9185ca89f7aaca9914bd4d4a295d46?s=96&d=mm&r=g\",\"contentUrl\":\"http:\/\/0.gravatar.com\/avatar\/cd9185ca89f7aaca9914bd4d4a295d46?s=96&d=mm&r=g\",\"caption\":\"PhotovoltaiK\"},\"sameAs\":[\"http:\/\/www.daisymupp.net\"],\"url\":\"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/author\/biogas\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Mir k\u00ebnnen net sou weider maachen! - d\u00e9i gr\u00e9ng Eechternoach","description":"Eise Message un de Sch\u00e4fferoot ass datt mir net k\u00ebnne weider maachen w\u00e9i bis ewell! Krisen fuederen dass een sech adapt\u00e9iert! An deem g\u00ebtt d\u00ebse Budget net gerecht","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/","og_locale":"de_DE","og_type":"article","og_title":"Mir k\u00ebnnen net sou weider maachen! - d\u00e9i gr\u00e9ng Eechternoach","og_description":"Eise Message un de Sch\u00e4fferoot ass datt mir net k\u00ebnne weider maachen w\u00e9i bis ewell! Krisen fuederen dass een sech adapt\u00e9iert! An deem g\u00ebtt d\u00ebse Budget net gerecht","og_url":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/","og_site_name":"d\u00e9i gr\u00e9ng Eechternoach","article_publisher":"https:\/\/www.facebook.com\/grengechternach\/","article_published_time":"2021-12-13T18:00:59+00:00","article_modified_time":"2021-12-15T15:56:59+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":1080,"url":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/greng-budget-2022.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"PhotovoltaiK","twitter_card":"summary_large_image","twitter_misc":{"Verfasst von":"PhotovoltaiK","Gesch\u00e4tzte Lesezeit":"16\u00a0Minuten"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/#article","isPartOf":{"@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/"},"author":{"name":"PhotovoltaiK","@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#\/schema\/person\/d85d66f678213cef04674b8062622de8"},"headline":"Mir k\u00ebnnen net sou weider maachen!","datePublished":"2021-12-13T18:00:59+00:00","dateModified":"2021-12-15T15:56:59+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/"},"wordCount":4312,"publisher":{"@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#organization"},"keywords":["Budget"],"articleSection":["Conseil communal"],"inLanguage":"de"},{"@type":"WebPage","@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/","url":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/","name":"Mir k\u00ebnnen net sou weider maachen! - d\u00e9i gr\u00e9ng Eechternoach","isPartOf":{"@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#website"},"datePublished":"2021-12-13T18:00:59+00:00","dateModified":"2021-12-15T15:56:59+00:00","description":"Eise Message un de Sch\u00e4fferoot ass datt mir net k\u00ebnne weider maachen w\u00e9i bis ewell! Krisen fuederen dass een sech adapt\u00e9iert! An deem g\u00ebtt d\u00ebse Budget net gerecht","breadcrumb":{"@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/#breadcrumb"},"inLanguage":"de","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/"]}]},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/2021\/12\/mir-kennen-net-sou-weider-maachen\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Startseite","item":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Mir k\u00ebnnen net sou weider maachen!"}]},{"@type":"WebSite","@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#website","url":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/","name":"d\u00e9i gr\u00e9ng Eechternoach","description":"","publisher":{"@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/?s={search_term_string}"},"query-input":"required name=search_term_string"}],"inLanguage":"de"},{"@type":"Organization","@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#organization","name":"d\u00e9i gr\u00e9ng Eechternoach","url":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"de","@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2017\/03\/greng-echternach-logo.png","contentUrl":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2017\/03\/greng-echternach-logo.png","width":151,"height":125,"caption":"d\u00e9i gr\u00e9ng Eechternoach"},"image":{"@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/www.instagram.com\/deigrengeechternoach\/","https:\/\/www.facebook.com\/grengechternach\/"]},{"@type":"Person","@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#\/schema\/person\/d85d66f678213cef04674b8062622de8","name":"PhotovoltaiK","image":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"de","@id":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/#\/schema\/person\/image\/","url":"http:\/\/0.gravatar.com\/avatar\/cd9185ca89f7aaca9914bd4d4a295d46?s=96&d=mm&r=g","contentUrl":"http:\/\/0.gravatar.com\/avatar\/cd9185ca89f7aaca9914bd4d4a295d46?s=96&d=mm&r=g","caption":"PhotovoltaiK"},"sameAs":["http:\/\/www.daisymupp.net"],"url":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/author\/biogas\/"}]}},"_links":{"self":[{"href":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/2137"}],"collection":[{"href":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/users\/5"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=2137"}],"version-history":[{"count":2,"href":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/2137\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":2146,"href":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/2137\/revisions\/2146"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/media\/2138"}],"wp:attachment":[{"href":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=2137"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=2137"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"http:\/\/grengechternach.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=2137"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}