déi gréng Eechternoach wënschen Iech eng schéin an erfollegräich gruss Braderie!

D’Geschäftswelt huet eis Ënnerstëtzung. Dofir wëllen „déi gréng“ nei an innovativ Weeër fir eng flott an attraktiv Ëmgestaltung vun Echternach goen.

Mir brauche mat Hëllef vu Fachleit e ganzt professionellt opgestallte Konzept. Mir sinn der Meenung datt een dofir soll direkt eng seriös Stadentwécklungs- a Marketingsgesellschaft als fachlech Hëllef beoptragen.

Dat d’Erstellung vun esou engem Konzept „Echternach – en Erliefnis“, net ouni eng konsequent Zesummenaarbecht mat der Geschäftswelt an aneren Acteure geet, ass selbstverständlech.
Dofir wëlle mer och nei Weeër am Dialog mat der Geschäftswelt goen. Mir sinn der Meenung, datt et niewent engem gudde Kontakt mam Geschäftsverband, och wichteg ass, direkt mat de Geschäftsleit a Verbindung ze stoen.

Mir wëllen datt Echternach opbléit, dofir ass eng staark an attraktiv Geschäftswelt eng wichteg Viraussetzung.

Dozou sti mer!

Mat beschte Gréiss,

Becker Raymond, Dieschbourg Carole, Borrelli André, Fellerich Marcel, Havé Philippe, Ludwig Caroline, Pesch Max, Schenten Mélanie, Schroeder Gérard, Wengler Steve, Zeimetz Carole.