Bei Gemengewahlen hunn d‘Biergerinnen a Bierger déi konkret Méiglechkeet, hiert d’Liewensëmfeld mat ze beaflossen.

Dofir ass et scho wichteg, ganz bewosst seng Wahl ze treffen.

Fir eis ass „Besser Liewen“ méi wéi e Slogan.

Fir eis ass et wichteg, datt d’Leit erëm Loscht op Engagement kréien. „Besser Liewen“ heescht och, sech an enger Gemeinschaft anzebréngen a mat ze hëllefen, säin Ëmfeld responsabel ze gestalten.

Fir eis ass et wichteg, zesummen eng flott Gemeng ze schafen, an där et sech gutt liewe léisst an déi sech hirer Verantwortung fir déi nächst Generatioune bewosst ass.

Fir eis ass et wichteg, datt d’Biergerinnen an d’Bierger vu gudde Gemengeservicer a Gemengeninfrastrukturen kenne profitéieren.

Fir eis ass et wichteg, eiser Stad mat hirer eenzegaarteger Geschicht zu deem Image ze verhëllefen, dee se verdéngt.

Dofir sti mer an!

Mir hunn d’Kompetenz an den Teamgeescht, dat ze maache, wat mer soen.

Wann der wëllt, datt Eechternoach endlech soll opbléien, da gëtt et nëmmen eng Alternativ:

Besser liewen – gréng wielen –  Lëscht 1

Flyer: Eng wichteg Wahl