Virun e puer Deeg konnte mer en Artikel am Tageblatt liesen, ech zitéieren, “ Wenn in der Gemeindepolitik der Freund zum Feind wird“, et gouf en Gedicht publizéiert, ech zitéieren, “ Gedicht géint eng Hetzjuegt“, an am Presseclub vum 6 Oktober froe 4 Journalisten sech op net eng Barrière iwwerschratt ginn ass,an eisem Land, wei ee mateneen ëmgeet an der Politik.

Ech well hei net diskutéieren iwwert Gaardenhaisercher, aner Buergermeeschteren, aner Gemengeréit oder iwwert Uschëllegungen op nationalem Plang.

Mee kommt mir bleiwe mol an eiser klenger Stiedchen Eechternoach.

Wou mer net méi spéit wei gëschter all zesummen an der Kierch souzen an eisem Dëschen nogelauschtert hunn, wei dësen iwwert Glawen, Wäerter, Mënschlechkeet, kämpfe géint déi schlecht Gefiller, an d’openeen zougoen,gepriedegt huet. Mier hunn zesumme gëschter, ënneranerem un Mënschen zeréckgeduecht, déi de Courage haten net einfach mat ze maachen.

Ech ka mech gutt erënneren, un eisem Buergermeeschter seng eicht Ried no de Walen, wou ech d’Chance hat hunn dierfen déi éischte Kéier mat iech hei um Dësch ze setzen. Seitdeem hun ech dei selwecht Wieder nach e puer mol héieren an zwar all Kéiers wann erëm en neie Conseiller wëllkomm geheescht ginn ass. Sou dass ech d’Hoffnung hunn dass Dir Här Buergermeeschter och gleeft wat der sot.

Gesot gouf, dass mer un dësem Dësch, verständlecherweis, net ëmmer all d’Accord matenee sinn, dass mer heiansdo politesch mol streiden, mee dass dier Här Buergermeeschter, dass dier Stolz wiert kennen ze soen dass mer ëmmer nach konnte kollegial dono e Patt zesummen huelen.

Abee des Kéier do am September ass eppes geschitt, ebe grad well et net un eisem Dësch ausdiskutéiert ginn ass, wat mech un dëser Kollegialitéit zweiwelen deet. Et huet wéi gedoen ze gesinn dass hannenerëm en Dossier vun engem Privatmann, un d’Press weidergeleet ginn ass am But enger Drëttpersoun ze schueden. Net eemol hutt Dir, Här Buergermeeschter, mat ärer Kollegin probéiert eng Léisung op „ären“ Problem ze fannen.

Ier ech dem Christiane d’Wuert awer well iwwerginn, wann der domat averstane sidd, fir dass d’Christiane iech d’Fakten iwwert dëse faméisen Iesssall nach eng Kéier kuerz erklären kann, erlaabt mer iech drun ze erënnere wéi séier eng schlecht Ambiance kann opkommen, wann net matenee geschwat get, a jiddereen dem aneren säin Däiwel gëtt. Wei schwéier et gëtt konstruktiv mateneen ze schaffen, wann een sech net méi an d’An kucke kann.

Mir hunn zwar lo haut keng Mentioun era ginn, mee ech géif mer wënschen dass mer an Zukunft mat Respekt kéinte mateneen ëmgoen, an et kéinten ënnerloossen iwwert Twitter oder Facebook Stellungname vu Gemengeconseilleren ze fuerderen.

Sou a wann der domat averstane sidd Här Buergermeeschter, déi Häre Schäffen an D’Conseilléieren, fir déi, déi fleit nach net all Detailer kenne vun dësem privaten Dossier, an sech froe fierwaat déi Gréng sech sou ongerecht behandelt fillen, géif ech dem Christiane mat ärer Erlaabnis d’Wuert ginn.

Merci

Fier déi gréng Fraktioun Eechternoach

Zeimetz Carole

Foto: Yves Wengler