Och dëst Joer hunn mer erëm, en ëmfangräichen Pabeier virun eis leien, wou engem de Kapp dréit bei deenen grousse Budgets Posten an Miliounen héicht. Nom Motto Echternach an Beweegung wei elo am zweeten Joer um Banner virun der Marquise ze liesen ass. Eng Marquise wou den Gemengerot nach ëmmer net informéiert gi ass wien se dann lo soll bauen. Mee halen mer eis d’Marquise fir méi spéit.

Wei mir eis an deenen leschten Deeg duerch dësen Budget geschafft hunn, an dorops hin eis Politesch Positioun, an Wieder wollte faassen, sinn mer mol nokucke gaangen wat ech virun engem Joer op dëser Platz an zu dësem Moment an der Budgetsdebatte gesot hunn. Mir waren erschreckt dass an bal all groussem Dossier, mir eis Stellungnam kéinten erëm haut hei Wuertwiertlech widderhuelen. Sou vill zu Echternach an Beweegung.

Fueren mer mol der Rei no :

Am ordinäre Budget begréisse mir déi Gréng, och dëst Joer dass duerch d’Upasse vun de kommunalen Taxen, sou wei virgeschloen vun der Finanzkommissioun, déi positiv Entwécklung konnt weidergefouert gin.Duerch d’Gemenge Finanzreform virun 2 Joer, hunn mir och dëst Joer en Ordinären Budget deen mat 3.581.000 nach Spillraum léisst och wann dat der ronn 2 Milliounen manner sinn wei d’lescht Joer.

Wichteg ass et alt erëm op dëser Platz ervirzehiewen dass an dësem ordinäre Budget 17,37% vun den Ausgaben, eleng fir den Posten Museksschoul sinn. Dëser Ënnerstëtzung stemme mir natierlech zou an begréissen d’Erheigen vun den Cotisatiounen no deem ausgehandelten Schlëssel mat deenen eenzelen Gemengen.Wei et am Rapport vun der Finanzkommissioun ze liesen ass musse mer eis der der Indexerheigung bewosst sinn, sou dass et heescht um Ball ze bleiwen bei den Verhandlungen vun den Subventiounen vum Staat. Des weideren waarden mer op d’Ëmsetzen vun der Subsid-Verdeelung no dem ausgeschafften Schlëssel vun der Finanzkommissioun, fir Veräiner.

Am Extraordinäre Budget elo wou wei mer wëssen d’politesch Accenten gesat gi gesäit et e bëssen anescht aus.

Loosst mech Themen kuerz duerch goen,

1. Logement :

D’Suen aus dem Pakte Logement sinn net fir Wunnengen ze bauen agesat gin! Dat heescht d’ Ziel vum Pact Logement ass verfeelt! Mier erënneren drun am Abrëll versprach kritt se hunn, fir emol eng Opstellung vun eisen gemengeneegenen Immobilien ze kréien an wat fir eng Affektatiounen déi eenzel Gebaier hunn. Aus dem Budget ass net wierklech eng Volontéit erauszeliesen dass d’politesch Prioritéit a Richtung sozialen oder bezuelbaren Wunnengsraum geet. E puer al Haiser ze renovéieren geet an eisen Aen net duer.

Beispill Marquise:

Eisen Dauerbrenner! Do hu mer een sou en Dossier, wou ech meng Wieder vum leschten Joer hätt einfach kennen kopeieren.Ech bezweifelen dass der d’Lescht Joer all mat geschriwwen hutt dofir widderhuelen ech se lo dann nach eng Kéier séier hei am Resumé:

  • Mier stoungen vollkommen hannert dem Kaf vun der Marquise, wei et geheescht huet, do muss eppes geschéien fir dass deen Schandfleck vun eiser Maartplaz verschwënnt.
  • Begeeschterung war séier eriwwer wei mer gemierkt hunn wei der deen Projet ugaangen sidd, wat mer iech jo matgedeelt hunn bei den Debatten wei d‘ finanziell Erheigung vun 30% gestemmt sollt gin.

Fir den Projet stinn och dëst Joer erëm 5.8 Milliounen am Budget, mir wëssen nach ëmmer net wien baut, an MC-Consulting bedreift den Verkaf! Obwuel mer mat den Leeschtungen vun MC- Conslting jo awer lo schoun méi wei eng Keier net zefridden waren. Mir hätten léiwer gehat eis regional Immobilien-Büroen hätten dësen Optrag kritt.

Time is Money! Privat Bauträger bauen wesentlech méi schnell. Net ze vergiessen dass mir dem Meesebuerg d’Suen nogeheien wärend deem ech souguer fäerten dass och wann „Contrats de réservations“ ennerschriwen sinn déi Interesséiert erëm riskéieren ofzesprangen.

Fir eis Gréng ass dësen Wunnengsbau onofhängeg vun senger Gebailecher Ëmsetzung eng Katastroph well et en deieren Wunnengsbau ass deen Kontraproduktiv zu den Efforten vum Staat ass, deen den Gemengen un d’Häerz geluecht huet net méi Promoteur ze spillen. Mir droen mat dësem Projet null zu enger gesonder Mixitéit vun der Bevëlkerung bei, an hätten kennen e flotten Virzeige-Projet maachen souwuel op Sozialem, Intergenerationellem wei och ekologesch nohaltegem Plang.

Mee dier wëllt dass et op null opgeet an déi mam decken Portmonnie um Maart.

Beispill Oachtergäerd :

Mier kruuten nach emmer neicht viergeluecht no waat fier engen Kriterien dei Grondstecker vergin gin. mier haaten op Bail Amphyotique gehaalen an d’Majoriteit huet do geschengt op enger Linn ze leien mee mei get een net gewuer. Ausser dass fleit keinten gemengeneegen Terraien keinten zereckgehaalen gin fir potentiell Tauschterraien ze hun fier aaner futuristech Projeen. Fier ons Gréng inacceptabel!

2. Campus Gare

Hei stinn am Budget 13 Milliounen fir 2020 geplang . Ass dat realistesch? Komme mer do lo sou séier weider?

Ech géif op dëser Plaz nach eng Kéier en Plan Pluriannuell fuerderen fir dass een d’Ausgaben vun dësen groussen Projeten, déi parallel musse gebaut gi, besser virun Aen huet.

3. Circulatioun, Parking

Eist Mobilitéitskonzept wandert vun Joer zu Joer an eisem Budget ouni ëmgesat ze gi. Wou sinn mer drun bei der Ëmsetzung Bypass? 500.000E Sidd der do hannert dem Staat fir dass dat endlech ufänkt? Si do Problemer ze fäerten wéinst deenen Artikelen oder der schlechter Press an Awänn vun Bierger?

580.000€ stinn fir d’Planung vum neien Parkhaus op der Gare am Budget. Mier waarden am Gemengerot nach ëmmer drop informéiert ze gi firwat do emgeplangt muss gi . Mier haten d’lescht Joer dat Parkhaus mat relativ fortgeschratt Pläng an der Bautekommissioun (eis lescht Bautekommissioun, wat nierwenbei gesot e Witz ass). Deemools huet et nach geheescht dass d’Parkhaus fierdeischt soll gebaut gi,virun der Schoul, wat vill Chaos hätt kennen vermeiden. Dunn huet et geheescht dat wär net méiglech . Firwat och ëmmer. Mir kruten nach keng Infoen. Ze Bemierken dass och do erëm MC-Consulting um Wierk ass.

Am Ganzen sinn 810.000€ fir Parkingen mat do drënner engem komplett neien Aganksberäich um Séi. Dat sinn vill Suen déi kéinten an méi dringend noutwenneg Infrastrukturmassnahmen investéiert gi.

Wat mech zu den Infrastrukturen bréngt…

4. Infrastrukturen

Bei den Infrastrukturen hu mer et mat enger wandernden Null ze dinn! Mir drécken e Bierg vun Investitiounen am Stadkär virun eis hier.

Rue des Romains31.000 säit 2018 ëmmer rëm geréckelt
Rue de l’Hopital50.000 säit 2018 ëmmer rëm geréckelt
Rue Hooveleker Buurchmauer495.000 säit 2018 ëmmer rëm geréckelt
Rue Krunn491.000 säit 2018 ëmmer rëm geréckelt
Devant le Marché200.000 säit 2018 ëmmer rëm geréckelt

De Waasserpräis ass zwar am ordinären Budget käschtendeckend, awer d’Sanéierung vun den Leitungen an den Kanäl, misst laangfristeg chiffréiert, ageplangt an virun allem ëmgesat gi. Mir stellen eis d’Fro wei fill Waasserverloscht mer hunn duerch Waasserleitungen déi an engem schlechten Zoustand sinn. Wat eng Verschwendung vun eisen Ressourcen ass.

D’Attraktivitéit däerf net just um Séi gefuerdert gi, wärend deem de Kär hei am Zentrum vernoleissecht gëtt.

450.000€ fir d’Entrée um Séi an en zousätzlechen Parking bei der Jugendherberge? „Nice to have“ mee ech mengen mir missten aner Prioritéiten hunn.

Mat engem onattraktiven Stadkär zeien mer keng déi investéieren op Iechternach.

wat mech zum city-shopping bréngt…

5. City Shopping – Outlet?

Ech hunn et grad gesot, mir hunn säit dem leschten ordinären Budget, deen duerch d’Gemenge Finanzreform e bëssen Spillraum. D’lescht Joer ass un dësem Dësch souguer gesot gi et wär „la vie en rose“. An dann soll een jo och eppes mat deenen Suen fir seng Gemeng maachen! Kloer! Awer sollten mer do net vun der Megalomanie vun deenen Groussprojekten erëm fort kommen an Zukunftspläng hunn déi der gréisst an dem Wellen vun Iechternach ugepasst sinn?

Bis haut hu mer 431.000€ fir en IMMELMANN-KONZEPT ( wei den gudden Mann et déi leschten Kéier stolz genannt huet) ausginn. Dat sinn vill Suen fir eppes wou mer net sécher sinn op et eppes gëtt, gouf vun der DP bemierkt. Mir soen et sinn vill Suen fir eppes wou mir Gréng soen dass mir et net wëllen.

Eis lokal Geschäftsleit sinn net grad mat agebonnen ginn, obwuel déi de Marché hei zu Iechternach am beschten kënnen.

Mee wëlle mir wierklech dass Iechternach sou eng iwwer dimensional Akafsstad gëtt?

Welle net léiwer als Kulturell interessant Touristestad an als regional Akaafsstad eis weider profiléieren?

Welle mer op engem stierwenden Gaul, déi neoliberal Konsum-schinn weider reiden?

Welle mer all déi Jonk an manner Jonk déi op d’Stooss ginn ignoréieren, déi eis Wegwerfgesellschaft guer net méi wëllen. Dier musst iech mol bedenken dass weltwäit iwwer 30% vun den net verkraaften Kleeder mussen verbrannt ginn.

Déi 340.000 € déi mir virgesinn hunn fir en GROUPEMENT D’INTERRÊT ECONOMIQUE an fir d’Acquisitioun vun groussen Marken, géifen mir léiwer regionalen Iechternacher Geschäftsleit zoukommen loossen duerch Loyer-behëllefen, Start-Ups oder ënnerstëtzen vun modernen alternativen Ideen an Geschäfter.

6. Klimapakt

  • De Punkt“ Mesures d’économie d’énergie“ e ganz wichteg Thema ass mat 430 000 € an den Aan vun de Gréngen ze nidreg
  • D’staatlech Zouschëss leien bei nëmmen 30 000€ well et un der Ëmsetzung vun Ziler happert. Fir iwwerhapt aktiv do ze stoen, ginn Emschichtungen am Budget viirgeholl
  • 2019 sinn vun den 340 000 € am Budget nëmmen 150 000 € gebrauch ginn, also manner wéi d’Hallschent, wéisou si mir an der heitecher Zäit net mei ambitiéis?
  • 2020 sinn 200 000 € viirgesinn , ass dat bei den aktuelle Problemer de riichtege Wee, an de riichtege Message? Mir brauche Visiounen, et geet net duer LED Luuchten auszetauschen
  • Beim Fuerpark? Ass do och un Aspuermoosname geduecht? Mier vermessen och dei schon gefuerdert Bestandsopnam
  • D’Arbecht vun der Klimakommissioun léisst ze wënschen iwreg, d’Kommissioun kéint méi produktiv sinn , méi Iddien entweckelen.
  • A der Plaz vum Gas an dem Quartier Oachtergærd hätte mir léiwer en Energiekonzept mat erneierbaren Energien gesinn
  • Mir vermëssen och d’Verknüpfung vun der Energiefro mat de geplangten Infrastrukturmaasnamen ZB: kleng Heizkraftwierker,…
  • D’Klimakrise betrëfft och Echternach an och mi musse liweren. Dofir haut zwar nach net op der Tagesordnung : d’Resolutioun Klimabündnis, mee keng Angscht, domat werte mir nach kommen

Bei all deene Mosmamen ass et wiichteg de Biirger matzehuelen, dofir brauche mir eng gutt Kommunikatioun

7. Kommunikatiounspolitik

  • 140 000 € sin vill Suen fier déi de Bierger kann Kalitéit verlaangen.
  • De Buet erfellt an eisen An net sein Zweck, vill wichteg Informatiounen feelen, Gemengerotsberichter sinn onvollstänneg a net grad onparteiech. Iwerhaapt soll de Bued keng ReklammZeitung fier den Schäfferoot.
  • Mir begréissen dat den Internetsite nei gestallt gett

8. Musikschoul, Trifo an Kultur

  • Personalkäschten vum Stadmarketing an GIE Shopping gehéieren net zu de Käschten vum Centre Culturell.
  • Festival
  • Mir schléissen eis dem Avis vun der Finanzkommissioun un ,datt mam Staat muss verhandelt ginn fir méi Bäihëllefen fir d’Musikschoul

Conclusioun

Den Budget liest sech wei en Wonschkalenner vun der Majoritéit. Mier bezweifelen dass och nemmen d’Halschend dovun kann emgesaat gin.

Vill grouss Projéen sin Zeitgleich ugefangen gin an mir hun Bedenken wei wéit et mat der Emsetzung klappt.

Stechwuert « GROUSS PROJETEN », dei fier eis eemol ze vill grouss ugeduecht gin an net der greisst vun Iechternach entspriechen an dest op d’Käschten vun eisen Infrastrukturen.

Bei groussen Posten feelen eis Informatiounen. Mier kaafen keng Kaatz am Saak!

Dofier stemmen mir geint dese Budget