Et gëtt nach Leit déi d’Klimakris a Fro stellen! An duerch ëmmer rëm déi selwecht invitéiert Wëssenschaftler déi a populisteschen Emissiounen an Zeitungen eng Bün kréien, gi genau déi Bierger an hirem konfortabelem Denken an Handelen bestätegt. Alles wär net esou schlëmm a mir kéinten weider maachen wéi bis ewell. Et gi Feindbiller kreéiert géint déi, déi warnen an Alarm schloen, dass et nëmmen Panikmaacherei wär an et wéilt een hinnen nëmmen un de Portmonnie.

Fakt ass, dass 97% vun den Klimatologen d’Accord sinn dass D’Klimakrise op Mënschegemaachten Ursaachen zeréckféieren ass, an eng Bedreeung fir d’Mënschheet ass.

Fir d’Fuerscher ass de Klimawandel also eng Tatsaach, fir Bierger/innen dogéint oft schwéier novollzéibar.

Dann hu mir weltwäit Konzerner, d’Ueleg an d’Chimie-Konzerner, d’Liewensmëttel-Industrie, an d’Auto Industrie,di finanziell Interessen hunn a soen : weider sou et geet eis gutt.

Datt dat net stëmmt, do si mir eis all eens, do ass jo warscheinlech hei am Raum e Konsens: d’Klimakris gëtt et, d’Klima-Urgence ass do,

Dat beweist sech hei an eiser Regioun :

Mir haten Iwwerschwemmungen
Extrem Wiederbedingungen, ( Drëchent, Extrem-Reefäll )
Smog/ schlechte Bëschzoustand, miserabel Loftqualitéit

Als Folgen : Allergien, méi Asthma an aner ëmweltbedengte Krankheeten. Ëmweltmedizin gëtt ëmmer méi eng Realitéit a Lëtzebuerg kritt lo Enn des Joers eng Ëmweltklinik.

An op der Welt: Mir hunn alleguer di schrecklech Biller vun Bëschbränn an Australien nach virun Aen, brennend Bëscher duerch Mënschen-Entscheedungen am Amazonas, Iwwerschwemmungen , Tsunamien, ganz Küsteregiounen di mussen ëmgesidelt ginn ,asw.

D’Noutwendegkeet fir ze Handelen ass do, och op Gemengenniveau musse mir méi man.

Ech zitéieren den Antonio Guterres, sécrétaire général des Nations Unies,
« L’Urgence climatique est une course que nous sommes en train de perdre, mais nous pouvons la gagner! »

Mir si fräi Politiker (hoffen ech mol) mir brauche kenger Ueleg Lobby, oder Autosindustrie an de Krom ze schwätzen, nee mir sinn do fir d’Zukunft ze plangen, beschtméiglech fir eis Bierger ze suergen a fir eise Jonken eng propper Welt ze hannerloossen. Natierlech muss och d’Wirtschaft funktionéieren, d’Geschäfter musse lafen, mee mir mussen hannerfroen wat gutt ass fir d’Zukunft.

Mir musse kucken wéi mir d’Blat gedréit kréien, wéi mir et fäerdeg kréien d’Liewensqualitéit ze erhalen, Aarbechtsplazen ze sécheren, a sozial Gerechtegkeet ze garantéieren. Dofir brauche mir, an alle Beräicher en Ëmdenken gefollegt vum Ëmsetzen. Mir, sou wéi mir lo hei setzen, hunn eng politesch Responsabilitéit wou ech iech invitéieren déi haut hei ze huelen!

Dofir dës Resolutioun!

Dir wëllt nach investéieren a Gas, anstatt an erneierbar Energien, aplaz op Effizienz an Autonomie ze setzen fir datt d’Bierger hir eegen Energie produzéieren a konsuméieren. Iechternach ass eng vun de leschte Gemengen, di nach en neie Wunnquartier mat Gas plangt.

Dir hutt en Här engagéiert , deen nach op blanne Wuesstem a just op Konsum setzt, aplaz un enger Gesellschaft vu Kreeslafwirtschaft, Regionalitéit an Nohaltegkeet ze schaffen.

Dir sot lo warscheinlech, mir sinn dach schonn eng Klimapakt-Gemeng.

Abee alles wat mir bis lo gemaach hunn ass schéin a luwenswäert, mee et geet nach net duer a munch Iddien ginn an di falsch Richtung!

Wat hätte mir gär?! Firwat dës Resolutioun?

  1. Mir sollen als Gemeng d’Urgence erkennen an och unerkennen an dëst an alle Beräicher an et politesch koherent ëmsetzen. An dat vun der Mobilitéit, den Investitiounen an Infrastrukturen…bis hin zum Sensibiliséieren
  2. Mir wëssen datt mir am Klimapakt sinn ,mee mir sinn do kee gudde Schüler, mir musse méi man . Ausserdeem musse mir dem Klimabündnis bäitrieden , mir mussen eng Klimabündnisgemeng ginn, wat och d’Engagement fir Nord Süd ofdeckt.
  3. Hei zu Lëtzebuerg hunn bis ewell 40 Gemengen sech am Klimabündnis engagéiert. Gemengen ewéi Ettelbréck a Jonglënster, mat deene mir eis gäre vergläichen, awer och Esch Diddeleng a Lëtzebuerg hunn déi Demarche gemaach an hunn sech Zieler gesat.
  4. Mir erwaarden datt, d’Gemeng sech kloer Zieler setzt: d’Ziel vun eiser Gemeng muss sinn : Klimaneutralitéit bis 2040 erreechen,d.h.netto 0 Zäregasemissiounen bis 2040

Datt dat méiglech ass, sech dëst virzehuelen weise Länner wéi Eistereäich a 40 aner Länner, Stied wéi, Beetebuerg, Suessem, awer och Larochelle a Frankrëich awer och Groussstied wei Manchester, Paräis , Oslo, San Franzisko….fir se lo hei net all ze nennen.

Wann sou Energie-gourmanzech Groussstied et kënnen, dann mir hei an eisem ländlechen Raum och.

Zum Ofschloss:

D’Klimakris ass eng vun de groussen Ängschten déi d’Leit an eiser Zäit hunn.

D’Klimakris ass Ursaach fir Kricher an Onstabilitéit a verstäerkten Aarmut a ville Länner.

Do gëllt et ze handelen. Lo!

Direkt Handelen ass och eng Fuerderung vun de Jonke Leit déi op Strooss ginn well se mierken datt et enk gëtt, an datt mir net genuch machen, och a speziell op kommunalem Niveau.

Klimabündnis Gemengen : klimabuendnis.lu
  • Beckerich
  • Bettembourg
  • Betzdorf
  • Commune du Lac de la Haute-Sûre
  • Contern
  • Differdange
  • Dudelange
  • Esch/Alzette
  • Esch/Sûre
  • Ettelbruck
  • Feulen
  • Frisange
  • Hesperange
  • Junglinster
  • Kayl
  • Kehlen
  • Koerich
  • Kopstal
  • Käerjeng
  • Lorentzweiler
  • Luxembourg
  • Mamer
  • Mersch
  • Mertzig
  • Mondercange
  • Mondorf-les-Bains
  • Niederanven
  • Pétange
  • Remich
  • Roeser
  • Sandweiler
  • Sanem
  • Schifflange
  • Schuttrange
  • Steinfort
  • Steinsel
  • Strassen
  • Tandel
  • Walferdange
  • Weiler-la-Tour