Léif Matbiergerinnen a Matbierger,
Déi belsch Autoritéite beschäftege sech momentan mat der Fro, wéi a wou de Belschen Atommüll, a speziell deen aus Atomzentralen, an Zukunft soll gelagert ginn. Hier Propos: D‘Verbuddele vum Atommüll a ganz déiwe Gestengsschichten op Plazen eventuell ganz no un eiser Grenz:
D’Gestengsschichte vun der Gaume zum Beispill si manner ewéi 10km vun der Grenz zu Käerjeng ewech. Si sinn och no un d’ Drénkwaasserquelle vum SES, deen eis Gemeng beliwwert.
D’Schiferschichten vum Synclinal vun Neufchâteau lafen esouguer an eist Land eran bis an d’ Géigend vum Stauséi. Dëst ass e grousse Problem, vu datt ronn 80% vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwert d’SEBES un de Stauséi ugeschloss sinn.
Atomenergie war fir déi gréng nach ni eng Léisung, well si op enger Risiko-Technologie berout. Säit 70 Joer ass keng valabel Léisung fir d’Endlagerung vun Atommüll fonnt ginn, deen deelweis iwwer 500.000 Joer laang geféierlech fir Mënsch an Natur bleift. Och dëst geplangten an irreversibelt Abetonéieren riskéiert wäertvollt Drénkwaasser op éiweg ze verseuchen.
Wat gouf schonns ënnerholl?
Lëtzebuerg huet sech an der Vergaangenheet nach ëmmer géint Atomenergie ausgeschwat, a mir als gréng sinn houfreg drop, Deel vun enger breeder Anti-Atom-Beweegung ze sinn. Dofir setze mir eis op allen Niveauen dofir an, dass keen nukleaart Endlager an der Grenzregioun gebaut gëtt:
Op Regierungsniveau huet eis Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an enger Pressekonferenz iwwert den Dossier informéiert a méi Transparenz a grenziwwerschreidend Kooperatioun agefuerdert. Den Hiweis vun eiser Ëmweltministesch huet schonn éischt Friichte gedroen an eng Well vu Protester géint d’Pläng a Wallounien ausgeléist. D’Ministesch huet och annoncéiert, dass si am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung e ganz kriteschen Avis op Bréissel wäert schécken.
An der Chamber gouf de 26. Mäerz d’Atomhaftungsgesetz gestëmmt an eisen Deputéierte François Benoy huet eng Motioun an eng Resolutioun stëmme gelooss, déi souwuel d’Regierung wéi och d’Chamber dozou opfuerderen, weider Drock op déi belsch Autoritéiten auszeüben.
Och hei zu Eechternoach huet de Gemengerot eng Stellungnam zum Dossier verfaasst fir de belschen Autoritéiten matzedeelen, dass Eechternoach e groussen gesellschaftlechen Debat verlaangt an net mat den aktuelle Pläng vun geologescher Endlagerung averstanen ass.
Wat kënnt Dir maachen?
Mir sinn optimistesch, dass mir eppes kënnen erreeche wann d’Politik zesumme mat der Zivilgesellschaft den Drock weiderhin esou héich wéi méiglech hält. Jiddwereen ass gefuerdert an och Dir kënnt e wichtege Bäitrag leeschten an de belschen Autoritéiten, am Kader vun der Consultation publique, déi nach bis den 13.Juni op ass, Ären Desaccord matdeelen.
Méi Informatiounen dozou fannt dir op https://greng.lu/ aktualiteit/consultation-publique-belge-sur-le-stockage- des-dechets-nucleaires/
Mellt Iech zu Wuert! Et geet ëm Decisiounen déi eis alleguerten eppes uginn an déi e laangwieregen Impakt op zukünfteg Generatioune wäerten hunn! Fëllt dofir den online Formular nach bis den 13.Juni iwwert de Link https://publieksbevraging.typeform.com/to/vtiUy9 aus.
Eng Propose fir de Formular auszefëllen fannt Dir am Link uewendriwwer vun déi gréng.
Mir soen Iech am Viraus vun Häerze Merci fir Ären Asaz.