Am « Plan d’action national pour une égalité entre les femmes et les hommes » weist den Conseil National des Femmes du Luxembourg (CNFL), zesummen mam «syndicat intercommunal des villes et des communes SYVICOL » an der nationaler Antenne vum « Réseau européen – Les Femmes dans la Prise de Décision  », drop hin, wei wichteg et ass och um lokalen Gemengenniveau enger Politik vun « égalité des sexes » Rechnung ze droen.

D’Gemenge sinn invitéiert ginn :

  • En/eng Delegué/e politique aus dem Gemengerot ze designéieren, deem seng Aufgab et wär d’égalitéit tëschent Fra a Mann an der Gemeng ze promouvéieren.
  • Eng Kommissioun consultative « Egalitée entre femmes et hommes » ze grënnen.
  • An deene grousse Gemengen souguer en « Service d’égalité entre femmes et hommes » ze grënnen.

Méi dozou op der Säit « EGALITE dans ma commune » : https://communes.cnfl.lu/

An deem Kader hat den SYVICOL zesummen mat der CNFL en Opruff gemaach fir wärend dem Mound Mäerz eng Symbolesch Aktioun ze maachen wou Stroossen no Fraen ëmbenannt ginn. Den Dossier de Presse kënnt dir ënner dësem Link fannen:

https://communes.cnfl.lu/blog/news/affichons-l-egalite-action-symbolique-dans-le-cadr/

12 Gemengen sinn dësem Opruff nokomm. Iechternach net!

Firwat?

Propose:

  • An Zukunft néi Stroossennimm zu 50% no bekannte Fraen benennen.
  • Eng Kommissioun Consultative grënnen.
  • En/eng Delegué/e fir des Aufgaben ernennen.

15.03.2021